Aktuelle Seite: News

Neie Pompjeesbau

16. Juli 2014

Déi éischt Maueren vum neien Bau stinn an d’Garagen, d’Vestiairen, den Atelier an d’Asazzentral um Rez-de-chaussée sinn schonn gutt ze erkennen. Mëtt Juli gouf d’Dall vum éischte Stack gegoss. D’Stützmaueren fir de Site vun den Nopeschterraine ofzegrenzen sinn och schonn esou gutt wei fäerdeg.

Weiterlesen: Neie Pompjeesbau

Wespen / Guêpes

Zur Bekämpfung der Wespennester steht die Feuerwehr der Gemeinde Kehlen stets zur Verfügung. 75 Euro werden laut Taxenreglement von der Gemeindeverwaltung verrechnet.

Les sapeurs pompiers de la commune de Kehlen se tiennent à votre disposition pour combattre les nids de guêpes. Une taxe de 75 Euros sera facturée par la commune.

Kontaktpersonen sind :
Personnes de contact sont :

  • ZEIHEN Tom: 691 57 11 73
  • HERRMANN Alain: 691 69 52 20
  • FORD Michael: 621 69 00 81

Accident Kielen-Nouspelt

Am Nomëtten vum 2. August koum op der Streck Nouspelt-Kielen ee Chauffer mat sengem Gefier vun der Strooss of. Dobäi krut si ee Gullisdeckel ze paken, sou datt sech den Auto iwwerschloen huet an och um Dach leie bliwwen war. De Chauffer gouf dobäi liicht verwonnt a koum fir eng Kontroll an d'Klinik.

Op der Plaz war d'Permanence vun de Kielener Pompjeeën, de Sauvetage vu Mamer, eng Ambulanz vu Stengefort souwéi d'Police.

 

Accident Quatre-Vents - Dondel

Am Nomëtten vum 20. Juli koum et op der Streck tëschent dem Quatre-Vents an Dondel zu engem Accident.

Dobäi ass en Auto vun der Strooss ofkomm an an Gruef widdert eng Mauer gerannt. Bei dësem Accident goufen zwou Persounen liicht blesséiert. Op der Plaz war Permanence vun de Kielener Pompjeeën souwéi de Sauvetage an d'Ambulanz vu Mamer an d'Police vun der Cap.

Ofschlossübung beim Kielener Atelier

Den 8. Juli hat de Corps Kielen hier traditionell Ofschlossübung wou dëst Joer zesummen mat den Kopleschter an Mamer Kollegen geübt gouf. Simuléiert gouf e Feier an der Schräinerei vum Kielener Atelier an der Industrie Zone mat 3 vermëssten Persounen.

D'Permanence déi fir d'éischt op der Plaz waren wéinst engem Feieralarm, hu dunn schnell missten feststellen datt si dat net kéinten alleng meeschteren an hunn Renfort nogeruff. Doropshin gouf eng Alerte Generale vu Kielen an Koplescht geruff. D'Permanence vu Mamer gouf parallel mat der TLK nogeruff. No zwou Stonnen gouf d'Übung erfollegräich ofgebrach. Dono gouf et nach e Patt an e Bréitchen deen vun der Gemeng offréiert war.

De Schwéierpunkt vun dëser Übung war fir d'Kommunikatioun tëscht den eenzelnen Asazofschnëtter ze trainéieren.

Méi Fotoen...

Links

ra

Hôptiaux de Garde

fb

Nächst Event

SEP
9

09/09/2014 20:00 - 22:00 Entretien

SEP
23

23/09/2014 20:00 - 22:00 Übung

OKT
7

07/10/2014 20:00 - 22:00 Übung

OKT
21

21/10/2014 20:00 - 22:00 Visite

NOV
4

04/11/2014 20:00 - 22:00 Übung

Free business joomla templates